Dënschdes, den 16.06.2020 fuere mir un déi däitsch Musel.
Mir fueren op dem schéinsten Deel vum "Moselradweg" vu Bullay bis op Cochem

Dësen Deelabschnitt vum Vëloswee langscht déi däitsch Musel ass een vun dene schéinsten.
Ennerwee wäerte mir Iech e puer flott Plazen weisen.  De Bremmer Calmont - "die steilste Weinlage Deutschlands" - Beilstein "das Dornröschen der Mosel"
an zum Schluss Cochem mat der Reichsburg.
Eis Mëttespaus machen mir an enger Strausswirtschaft beim Wënzer (nët am Präiss mat dran). Mir wäerten och genuch Zäit hun fir eng Paus an engem Café ennerwee. 

Mam Zuch fueren mir moies op Bullay a mam Vëlo geet ët langscht Musel bis op Cochem, wou mir den Zuch
rëm huelen fir zréck op Lëtzebuerg.
Et sinn 35km an Streck ass quasi ëmmer flach. Dësen Tour eegnet sech ganz gudd fir Léit déi dat mol wëllen ausprobéieren

Fir dësen Tour huele mir maximal 8 Léit mat (minium 5)

D'Oplage vun 2m Distanz kënne mir um Vëlo mat engem klenge Grupp ganz gutt anhalen.
Jiddereen de matfiirt muss e Buff (oder Masque) derbäi hunn, fir de Fall wou mir stoe bleiwen an eis méi no sollte kommen.
Am Zuch ass de Buff (oder Masque) obligatoresch.

De Präis ass 35,- € pro Persoun.
Am Präis abegraff: Den Zuchebillet an de Guidage


Umelle kënnt Dir Iech bis den Méindeg  15.06. um 12:00 per Mail op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!