Dënschdes, den 01.09.2020 huelen mir Iech mat an d'Wangerten.
Kuerz virun der Drauwelies as ët interessant een Tour duerch d'Wäinbierger ze fueren.

Entdeckt mat eis d'Aarbecht am Wangert an déi verschidden Drauwenzorten a gesidd uschléissend
wéi an enger klenger privater Kellerei (Biowënzer Caves Krier-Welbes, Ellange/Gare) geschafft geet.
Den Tour geet ofgeschloss mat enger Wäiprouw an engem Wënzerteller (plat mat Ham, Kéis, Zalot).

Dauer Vëlostour ~2,5 Stonnen
Umeldung obligatoresch
Präis 55,- €
Am Präis abegraf:
- guidéierte Vëlostour
- Visite vun der Kellerei
- Wäiprouw
- Wënzerteller
Et ass méiglech e Locatiounsvëlo op der Plaz ze kréien - falls een mam Bus well ureesen.
De Busarrêt ass 50 m vun der Kellerei eweg - an ët ass Hallewstonnentakt mat der Stad (iwwer Mondorf-les-Bains)

Den Tour fënnt secher statt - ët ginn nach e puer fräi Plazen.