: Musel mam Vëlo

Gudden Moien Mir, 6 Damen haten e wonnerbaren Vëlostour op der Musel. Den Tour, vun Waasserbëlleg op Cochem, war vun Velosophie fir eis relax a gutt organiséiert ginn. Déi 4 Etappen waren gutt opgedeelt, mir haten vill Zäit fir Pausen a Fotostopps .D‘Hotel an d‘Winzerstübchen waren fir eis tipp top eraus gesicht, mir sinn ëmmer frëndlech empfaange ginn a mir hunn gutt geschlof a giess. A wichteg, och eis Vëloen hunn e gudden Ënnerdaach kritt. An Wieder war top, mir sinn ni naass ginn. Merciii un Monique fir d'Organisatioun, mir freeën eis op den nächsten Tour
Josée, Monique, Marlyse, Marion, Sandra an Yvonne

29. 08. 2023
Gaby Regenwetter: Velos- a Schëffsrees Friesland Holland 05.08. - 12.08. 23
E flott Schëff mat enger super Crew, exzellent Iessen a wonnerbarem Service. D'Organisatioun vun der Rees, vun de Strecken, flexibel genuch fir friesesche Wiederbedingungen können de Bass ze haalen, an esou hu mir nees vill Flottes an Neies erliewt a gesinn. Et war eng formidabel Woch, merci Velosophie, Boat&bike, an alle Matreesenden. Bis geschwënn, Gaby Regenwetter
16. 08. 2023
Marie-Louise Mangers: Vëlos- a Schëffsrees Friesland
Villmols Merci Monique fir déi super flott an tip top organiséiert Rees durch Friesland. Ech war schon e bes'chen opgeréegt well et meng 1. Gruppenrées war, an ech keng Erfahrung mat laangen Touren hat. Awer d'Monique huet eng gudd Aféierung gemacht an ganz Grupp durch all Gare an de richtigen Zuch geléed an eis durch ganz Friesland mat villen zusätzlichen Informatiounen iwwert d'Liewen vun Mensch an Déier geléed. Opréegung wor schnell fort an ech konnt ganz Vakanz genéissen. Mir konnte vill kucken an et wor emmer nach Zäit mat ageplangt fir eng Kaffispause. Fir mech e grousse Merci un Monique an ganz Grupp, mir hu vill gelacht a ganz gudd um Schëff giesst. Et wor meng 1. Tour mat Velosophie awer net meng Lescht. Et bleiwe vill schéin Erönnerungen. Addï a bis geschwënn.
13. 08. 2023
Velosophie - Monique: Friesland - Vëlo- a Schëffsrees

friesland 006 1980 tinyMir hatten eng wonnerbar Vakanz um Schëff Maria Lena a Nordfriesland. MIr sinn rem eng Woch vun der Equipe rondrem de Skipper Eerle verwinnt ginn. Mat vill Wand si mir 265km duerch Friesland a Nordholland gefuer.

13. 08. 2023
Vennbahn - geführte Radreise 17.06-19.06.2023
Die Vennbahntour hatte alles, was für mich eine schöne Radtour ausmacht:
gute Streckenführung,
schöne Landschaften,
interessante Orte,
Unterkünfte in kleinen inhabergeführten Hotels
und
eine spitzenmäßige Tourenleitung mit nützlichen, interessanten, geschichtlichen und praktischen Informationen, die den Radfahrerinnen die Umgebung erschließt und die Tour zu einem nachhaltigen, eindrucksvollen Urlaubserlebnis macht.
 
Einfach ein Genuss!
Merci beaucoup!
 
Viele liebe Grüße und weiterhin viel Erfolg mit schönen Radreisen
Rheinhild
20. 06. 2023
 
Powered by Phoca Guestbook

Post Message

Captcha Image

By submitting this form you accept our privacy policy compliant to the GDPR regulation art. 13-14 2016/679 as reported at this link


Newsletter