Liette Stirn: Lac du Der - 03-11-2023
07. 11. 2023Vill Kruckerten hat ech lescht Joer um Lac du Der gesin an ech war begeeschtert. Dëst Joer hu mir der zwar manner gesin, mä duerfir konnte mir dës ganz besonnësch, eenzegaarteg Landschaft vun hirer schéinster Säit genéissen. A villäicht war ech jo net dat Eenzegt, dat sech gefreet hat, zousätzlech en Äisvugel a vill aner Waasservigel ze gesin. Et war och nach eng Kéier intressant eisem Guide, dem Antoine séngen Erklärungen nozelauschteren. Dësen Tour war fir mech eng wonnerbar Ergänzung zum leschte Joer. Merci Monique, dass Du dësen Tour nach eng Kéier organiséiert hues.
Marie-Louise Mangers: Vëlosrées Gent
Villmols Merci Monique fir déi super schéin Vëlosrées duerg Gent an Ömgéigend. Ech hun eng ganz nei Vue op Belge kritt wat ech bis elo just vun der belscher Plage an hei bei eis iwwert Grenz kannt hun. Ganz vill Geschicht a ganz vill schéin Wée‘er zu an öm Gent. Dobei nach vill Trëppeltier vum Hotel aus an den Zentrum an zrëck laanscht Wasser mat schéiner Beliechtung a gudde Gespréicher. Et wor och schéin erem nei léiw Leit kennenzeléieren an och al Bekannte eremzegesin. Vill schéin Andreck an Erliewnisser. Merci Monique fir déi gutt Organisatioun an dass Du et emmer erem färdeg brengs eis esou schéin nei Wée’er ze weisen. Äddi a bis geschwenn, Marie-Louise16. 09. 2023
Bernadette a Charel: Bussang
11. 09. 2023E wonnerbaren Tour no Bussang bei Muselquell,an an den Théatre du peuple , en Erliewnes. Merci Monique fir all dé Erklärungen an dé perfekt Organisatioun.
Claus: Hoge Veluwe 29.8.-2.9.23
11. 09. 2023Hallo Monique und Liette, es war eine sehr schöne Tour, kenne jetzt so ziemlich alle Ziele, die Velosophie in den NL bereithält. Zu den schönen für die Niederlande ungewöhnlich ausgedehnten Waldlandschaften kam noch die Parkanlage mit den Museen und Wandelpfaden. Die Heidegebiete auch mit Dünen gaben das Gefühl, als sei man dem Meer ganz nah. Insbesondere hat mich die Van-Gogh-Ausstellung beeindruckt, wirklich etwas Besonderes. Danke für die gut zusammengestellte Tour
Ruppert Jean-Paul: Velostour op d'Muselquell mat Theatre du peuple zu Bussang
De Veloswee laanscht Musel ass ofwiesslungsreich an gutt ze fueren. Den theatre du peuple zu Bussang ass en eemolegt Erliefness: mat dat Schéinst, wat ech bis elo gesinn hun. Gutt dass ech dat mam William gemat hun. E Geheimtipp!07. 09. 2023
